Historique

    De Veräin guff offiziell den 30. Juni 1971 gegrennt .

     

    Den ischten Comité vam Deschtennis Elwen guff deemols wi follegt zesaame gesatt:

     

    Präsident Arens Georges
    Vize-Präsident Gérard Nico
    Sekretär Thoma Jean-Marie
    Caissier Holper Georges
    Member Mathias Marie-Louise
    Member Reuter Marie-Paule
    Member Wagner Francis

     

     

    Duerno guffen  et folgend Presidenten, Sekretären an Caissier:

     

    Präsident: van 1971 - 1977 Arens Georges
      van 1977 - 1996 Schaack Néckel
      van 1996 - 2008 Schmitz Michel
      van 2008 - 2011 Back Marc
      van 2011 - 2020 Habscheid Fernand
      van 2020 - elo Stephany Tom

     

    Sekretär: van 1971 - 1972 Holper Georges
      van 1972 - 1974 Mathias Marie-Louise
      van 1974 - 1982 Kremer Romain
      van 1982 - 1990 Treis Guy
      van 1990 - 2000 Back Marc
      van 2000 - 2001 Schmitz Michel
      van 2001 - elo Schaack Luc

     

     

    Caissier: van 1971 - 1972 Holper Georges
      van 1972 - 1977 Arens Georges aus der Garage
      van 1977 - 1987 Laplume Max
      van 1987 - 1992 Schon Paul
      van 1992 - 2020 Stephany Tom
      van 2020 - elo Schaack Yves

     

     

     

    Den ischten Match wor den 18.09.1971
    D.T. Elwen spillt 5:5 beim D.T. Hoscheid

    Et hun matgespillt bei Elwen: 
    Gengler Nicolas, Holper Georges, Thoma Jean-Marie an Arens Georges

     

     

    Bericht aus Ulass vam 25. Anniversaire deen 1996 gefeiert guff

     

    Waat wôren di sportlich Aktivitéiten van desen 25 Joer?

     

    Di ischt Saison 1971/1972 wôr eng Equipe am Championnat agemellt, an si hat direkt eng 4. Platz eraus geschlo.
    Di Zekt guff nach beim Arens Georges am Café gespillt, an datt wôr natiirlech net dat Idealst, mee deemols wor jiddereen fruh dat iwerhaupt eng Spillgelegenheet do wôr.
    1973 hut d'Gemeng dem Verain zwee nei Descher kôft, an et guff dun am fréiere Buffet van der Gare gespillt, wat oft ganz abenteuerlech wôr, well do hâten sie nach keng Heizung, an deemno wi den Uawen gebrannt hat, hat et esu dobannen gedemmt, dat een sein Géigeniwer net mi geseen hat.
    An der 2. an der 3. Saison ass di 1. Equipe all Kéier 4. gin, mee di 2. Equipe kumm na net su richteg an de Gang a musst sugar waehrend der 2. Saison wéinst 2X Forfait aus dem Championnat ausscheeden.
    Mat der Ferdegstellung vun der neier Sportshall sollt sech dun och deen ischten Opschwong bei deem junge Verain astellen. Di 1. Equipe ass an di 3. an di 2. Equipe an di 4. Divisioun gestiegen. Dorop hinn guff di Saison duerno eng 3. Equipe an d'Rennen gescheckt.
    Des 3 Equipen han sech an deenen naechsten 4 Saisonen afweeselnd besser oder schlechter geschloen. Mol hatt eng Equipe knapp den Opstieg verpasst, mol su grad et ferdeg kritt fir net erauszefellen.
    Di Saison vun eisem 10 jaehrige Bestehen wôr ganz erfolechreich, well datt Joer ass di 1. Equipe an di 2. an eis 2. Equipe an di 3. Divisioun gestiegen a während der Saison hat och vir d'ischt eng 4. Equipe am Championnat matgespillt.
    2 Joer lang hann di zwu Equipen sech an hiren respectiven Divisiounen gehaalen. Dat et net nemmen birgaus ka goen, beweist Saison 82/83. Dat Joer sin nämlich die 3 ischt Equipen aus hiren Divisiounen erausgefall.
    Opschons no zwee Joer di 1. Equipe et nach eng Kéier gepackt hat vir erem an di 2. Divisioun ze steigen, sollt dat awer net van langer Dauer sen, well du gung den Lift nach vill mi schnell no ënnen an mir han eis mat der 1. Mannschaft e beemol an der 5. Divisioun eremfont.
    Do hat eppes misste geschéien! Wi den Zoufall et esou wellt, ass een starke Spiller dem Verein regelrecht an d'Fanger gefall, deen dun och direkt mat der Ennerstetzung vun eiser Gemeng 
    ( de Porte-Monnaie vum Verein wôr bis dohin ni ganz deck gefellt) als Spillertrainer engagéiert guff.
    Mat him ass di 1. Equipe direkt zwu Saisonen hannereneen gestiegen an di anner Equipen han net op sech waarden geloss, vir nô ze zéihen.
    Di lest Saison 95/96 as mat engem laachenden an engem kréischenden Au ôfgeschloss gin. Di 1. Equipe ass gefall, durfir sin di 3.,4. an di 5. Equipe gestiegen. Des Saison ass fir di ischt Kiier mat 7 Equipen de Championnat durchgespillt gin.
    D'Jubiläums-Saison 96/97 spillt den Verein mat deenen 3 ischten Equipen an der 4. Divisioun, mat der 4. an der 5. an der 5. Divisioun. Di 6. Equipe mett hirt Bescht an der 6. Divisioun.

    Su wegt d'Geschicht van engem Verein, wu der gesegt datt et biergop awer och biergôf gung, wu Spass a Menschlechkeet, trotz viller Kantebäll a Netzroller,(datt ass fir Innsider) emmer Virang hat

     

    Marc Back

    Event-Kalenner

    Slide-Galerie
    Beachparty_Grupp.jpg
    © 2020 DT Elwen. All Rights Reserved. Designed By JoomShaper

    Search